Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Gagnant Inférieur ou égal à 12 ans

EF Helperknapp

Helperknapp

claude.karger@men.lu
Sandra Jovanovic & Jim Kops

4.1.

Inférieur ou égal à 12 ans

Description

Nodeems mir d’Thema Solidaritéit am Fach Vieso verdéift haten, koumen Rei Iddien, wéi mir de Projet ugoe kéinten. Zréckbehal gouf d’Iddi fir eng Emissioun am Stil „Checker Tobi“ ze maachen. Ufanks woren eng Rei Kanner, déi Familjememberen haten, déi an enger ONG schaffen. Nodréiglech haten sech nach aner ONG’e bei ons gemellt, respektiv goufen e puer duerch ons Invitée vermëttelt, soudatt mir um Enn 8 verschidden Organisatioune bei ons haten. Nom 1. Interview koum d’Iddi fir d’Kanner als Publikum anzebauen, wou si duerno direkt hier Froe stelle konnten.
Als Intro zum Sujet haten d’Kanner eng Rei aner Schoulkanner an Erwuessener gefrot, wat si zu dësem Thema soe konnten. Vun all deene Kanner krute mir een ënnerschriwwenen Ziedel zréck, datt si domat averstane sinn, datt de Film publizéiert gëtt. All Moderatiounen tëscht den Interviewe goufe virum Greenscreen gefilmt. Leider wor dee Sall ganz eidel. Dowéinst déi manner gutt Akustik, déi sech duerch Effekter am imovie net wesentlech verbessert hunn.