Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Gagnant Entre 13 et 15 ans

Lycée Aline Mayrisch

Luxembourg

Felix Reuter
Bauer Séverine Würth Nathalie

6C1L1

Entre 13 et 15 ans

Description

D’Klass 6C1L1 aus dem Lycée Aline Mayrisch huet sech souwuel journalitesch wéi och kënschtleresch mam Thema Konsum auserneegesat.
Si hunn no Biller, Stëmmen an Text gesicht, déi hier Gedanken zum eegene Konsum ausdrécken. Erauskomm sinn Zeechnungen, Artikelen, Podcasts a KI-Biller zu den Themen Fast Fashion, Pabeier, Plastik, Recycling, Energie an Iessen.
Si stellen hier Gedanken dobäi net nëmmen op engem Site aus, mee plangen och eng Expo an der Schoul, an där hier Produktiounen iwwer QR-Coden queesch duerch d’Gebei visibel sinn, op dene Plazen, wou ee grad iwwert seng Kleedung, den Tri vum Dreck etc. soll nodenken. Des Expo soll am Kader vun enger LAML-interner Aktioun vun der Circular Economy a vu Fairtrade stattfannen, zwee Labelen, déi de Lycée Aline Mayrisch souwisou schon auszeechnen.
Hei ass de Link zum Site:
Website 6C1L1-CJJ-2023-24